Table designs based on CSS and DIV elements

Dir MUSST är Kandidatur iwwert den ONLINE-Formular erareechen !!!
=> am Ende der Seite anklicken: ZUR ONLINE BEWERBUNG
=> cliquez en bas de la page: VERS CANDIDATURE EN LIGNE

elisabeth, ee Grupp vun 1700 MataarbechterInnen am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg, sicht fir d'Betreiung a Fleeg vun eelere Matbierger fir hire Centre Intégré pour Personnes Âgées "Foyer Ste Elisabeth" zu Beetebuerg

Ee Kach (m/w) 40 St/W CDI

 

Är Aufgaben:

  • Mattschaffen am Service Restauratioun vun eisem Haus an dozou bäidroen, dass eis Bewunner an engem angnehmen, flotten, dem eelere Mensch ugepasste Kader hiren Iessgewunnegten kënnen nogoen.
  • Préparéieren,  Kachen an Servéieren vum Iessen, dat an eiser Kichen hiergestallt gëtt.
  • Dem eelere Mensch senge Bedürfnisser a Gewunnechten ugepasste Moolzechten, frësch a regional Produkter, uspriechend preparéiert Platen si wichteg.
  • Qualitéitskritären vun eisem Service Restauratioun respektéieren
  • Eis Bewunner an domat déi eeler Menschen an deem Sënn begleeden an hinnen zu Hëllef stoen, andeems si decidéiere kënnen, an domat dem Leitsatz vun eisem Haus: „Je participe aux choix de ma vie“ gerecht ginn
  • Preparatiounen maache fir d’Produktioun (Menu, Owesiessen)
  • Preparatiounen maachen fir d’Verdeelung an  den Service (Buffet, Zëmmerservice…)
  • Produktioun vun Pâtisserien
  • Hëllefen beim Servéieren
  • Kontrollen an Aarbechten am Kader vum HACCP duerchféieren an dokumentéieren
  • Erleedege vun Kichenaufgaben
  • Matschaffen an engem interprofessionnellen Team


Äre Profil:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach (m/w)
  • Beruffserfahrung am Beräich Geriatrie as vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich Restauratioun si vu Virdeel
  • Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Organisatiouns-, Kommunikatioun-, a Sozialkompetenz
  • Teamfähegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Menschen ze engagéieren


Mir bidden:

  • Dës Plaz gesäit een 40 Stonnen/Woch Aarbechtsvertrag vir
  • De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit also eng fest Ustellung
  • Matschaffen an engem dynameschen Team
  • Eng Ustellung fir direkt oder no Ofsprooch; mir berücksichtegen engem Kandidat seng Kënnegungsfrist
  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollketivvertrag. Et gëtt no de Regele vum CCT-SAS bezuelt

Delai fir d'Kandidatur 28.12.2017

Am Fall vun enger Astellung sidd dir gebieden den Casier no 3 ofzegin


Ansprechpartner:

Foyer Ste Elisabeth - Bettembourg Directeur: Robert GINDT 4 rue de la Tannerie L-3288 Bettembourg Tel: +352 51 16 06 - 1 E-Mail: fseb@elisabeth.lu www.elisabeth.lu