Table designs based on CSS and DIV elements

Dir MUSST är Kandidatur iwwert den ONLINE-Formular erareechen !!!
=> am Ende der Seite anklicken: ZUR ONLINE BEWERBUNG
=> cliquez en bas de la page: VERS CANDIDATURE EN LIGNE

elisabeth, ee Grupp vun 1700 MataarbechterInnen am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg, sicht fir d'Betreiung a Fleeg vun eelere Matbierger fir d'Maison de Soins Sacré-Coeur zu Dikrech

Ee Chefkach (m/w) 40 St/W CDI

Är Aufgaben:

  • Alldeeglech Preparatioun an Distributioun vu Moies-, Mëtteg- an Owendiessen, mat zousätzlech enger Kollatioun am Moien an enger anerer am Nomëtten
  • Plang vum Personalasaaz a Personalféierung
  • Geleeëntlech Organisatioun a Gestioun ronderëm d’Iessen op Fester, Receptiounen asw.
  • Menüen opstellen, plangen a preparéieren, dëst a gréisstméiglecher Autonomie an awer am Aklang mam hausinterne Konzept iwwert gesond Iessen
  • Extra Menüer fir Bewunner mat spezielle Besoinen (Allergien, Smoothfood asw.) opstellen a preparéieren 
  • Respekt a Kontroll vun den Hygiensregelen (HACCP)
  •  Iwwerwaachung a Sécherstellung vun der Offalltrennung
  • Commanden opginn


Äre Profil:

  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Kach (CATP/DAP)
  • Eng Beruffserfahrung vu mindestens 3 Joer gëtt als Virdeel ugesinn
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass wichteg fir mat de Bewunner ze schwätzen an awer och mam Personal
  • Gutt Kenntnisser vu gesonder an équilibréierter Ernährung, besonnesch am Beräich vun der Ernährung vun eelere Leit
  • Weiderbildungen oder Erfahrung als Kach an enger Institutioun ginn als Virdeel ugesinn
  • Gutt Kentnisser a Formatiounen am Beräich vun der Hygiène (HACCP)
  • Kenntnisser am Smoothfood si vu Virdeel
  • Autonomie a Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet)
  • Team- a Kooperatiounsfähegkeet
  • Soziale „Feeling“ am Ëmgang mat Mataarbechter
  • Flexibilitéit 
  • Gutt Computerkenntnësser (MS-Office)
  • Erfahrung am Ëmgang mat eelere Mënschen, ass vu Virdeel
  • De Führerschäin Klass B an
  • e gültegen 1. Hëllefscours hunn


Mir bidden:

  • Dës Plaz gesäit een 40 Stonnen/Woch - Aarbechtsvertrag vir
  • De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit, also eng fest Ustellung
  • Matschaffen an engem dynameschen Team
  • Eng Ustellung fir direkt oder no Ofsprooch; mir berücksichtegen engem Kandidat seng Kënnegungsfrist
  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag. Et gëtt also no de Regele vum CCT-SAS bezuelt
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

Délai fir d'Kandidatur: 31.12.2017

Am Fall vun enger Astellung sidd dir gebieden de casier judiciaire no 4 ofzeginn.


Ansprechpartner:

Maison de Soins Sacré-Coeur Directeur: Jang HAMEN 18 rue de l'Hôpital L-9244 Diekirch Tel: +352 80 33 55 - 1 www.elisabeth.lu